Assemblée Générale 2024

Léif Membren, Elteren a Frënn,

Mir freeën eis fir Iech op eis

Ordinär Generalversammlung
de 18. Oktober 2024 um 19:00 Auer z’invitéieren.

D’Generalversammlung gëtt am Centre Culturel vu Lorentzweiler ofgehal (120, route de Luxembourg – Helmdange)

All eis Memberen, aktiv oder inaktiv, Elteren a Frënn sinn invitéiert.

Mir biede Iech fir eis Är Präsenz u folgend E-Mail-Adress ze bestätegen: pnl.fnel@gmail.com

Dagesuerdnung :

  1. Begréissung duerch de President

  2. Aktivitéitsrapport vum Gruppechef

  3. Aktivitéitsrapport vum Comité

  4. Rapport vum Tresorier

  5. Rapport vun de Keessereviseuren$

  6. Approbation vum Bilan

  7. Décharge vum Comité

  8. Keessereviseuren fir dat nächst Joer gi gewielt

  9. Divers

Eng kleng Stäerkung ass och virgesinn.

Mir sinn op der Sich no motivéierte Leit!

Är Kandidatur als neie Member vun eisem Comité kennt Dir ons gären am Viraus per E-Mail un pnl.fnel@gmail.com oder den Owend selwer matdeelen.

Bescht Scoutsgréiss,

De Comité

Next
Next

Buergbrennen, e bëssi Geschicht a Geschichte vun de Scouten