Mat der Moiessonn erwächt, si mer eis bewosst ginn, dass mer net méi an eisem waarme Bettche louche, mee an enger fiichter provisorescher Ënnerkonft matzen an engem menscheverloossene Bësch. Vläicht war dowéinst jo kee sou richteg motivéiert, laang do ronderëm ze dëmpelen. Mir hunn also alles zesummegepaakt an eis op de Wee op Beefort gemaach, wou mer bei engem Bäcker eppes klenges giess hunn a sinn dann erëm lassgezunn.

Dëse läschten Deel vum Wee war, muss ech soen, net grad de flaachsten. Knapp 200 Héichtemeter si mir den éischten Dag erofgaangen, nëmme fir um Ënn erëm déi ganz Meteren erop ze kommen. Zwëschenduerch waren ëmmer nees Häng, déi sou géi woren, dass mer frou ware, net mam ganze Gewiicht no hannen ze kippen.

Wat eis dunn allerdéngs eng Stënnche kascht huet war d’Mëttegiessen. Wéi mer bei der Heringermille laanscht koume, konnten de Yannick an ech (Félix) einfach net widderstoen. Mir wossten dat et net gutt wier an engem Restaurant während dem Hike ze goen. No enger laanger Diskussioun hu mir entscheet dat mir eis ‘5-min Terine’ maache an nom Hike zréck dohinner ze fueren. Wéi gesot waren di ‘5-min Terine’ einfach Plazverschwendung, dobäi war den Inhalt och wéineg. Aneres hate mir net dobäi. Nom Iessen ass et awer direkt weidergaangen a frësch gestäerkt si mer och e gutt Stéck méi séier virukomm. (Och wann den Inhalt wéineg war, hat et mir perséinlech waakreg gemat)

Dee leschten Deel vum Wee war duerchaus dee schéinsten, an och ëmmer méi aner Leit hu sech blécke gelooss, vir laanscht d’Flëss, iwwert d’Brécken a stengen Trapen erop ze wanderen.

No ville weidere Kilometere Getrëppels, erop an erof an hin an hier, ware mer du scho bal op der Zilgerued, bis mer all schliisslech un dem Enn vun eise Kräfte méi no koumen. Besonnesch de Kiu, dee scho virum Hike Problemer mam Fouss hat, huet sech de Bierg eropgeschleeft, wéi e Mëllen, mat engem Elan, wéi keen Zweeten.

Sou koum et, dass mer trotz deem schwéieren Endstéck vun eisem Adventure ëmmerhin eng gutt Stënnche virum geplangten Ënn, also kuerz viru 17:00, un eisem Start an Zil vum Trajet ukomm waren – Der Dixi-Toilett, zu Grolënster. Et war eng Erléisung unzekommen ...

 

Nom Hike ware mir dann direkt zréck bei der Heringermille gefuer. Zu exorbitante Präisser, déi een natierlech réicht dobanne gewuer ginn ass, hu mer dunn also vun Dousefudder op e Luxusplat emgeschalt, an ech (Félix) muss soen, dat vegetarescht regionaalt Sortiment à la Surprise, wat mer do fir 19 Euro opgedëscht gouf gehéiert zu deene beschte vegetaresche Platen, déi ech jee giess hunn.

Fazit:

De Proviant ass natierlech wichteg op engem Hike, mee wat een huelen soll an wat net ass méi wichteg. Dobäi hunn ech geléiert dat Iessen aus der Béchs een Tabu ass fir op engem Hike. Iessen aus der Béchs ass eng Plazverschwendung am Rucksak, en plus schmaacht et net. Am beschten frësch Saachen. Wann een Angscht huet dat et zerdrätscht gëtt soll een dann souwisou net op engem Hike goen. Kleedung kann een als ‘Schutz’ benotzen. Waasser fir alles ze kachen an ze drénken geet mat 2-3 Liter fir 3 Deeg. Et kann een ëmmer Waasser aus engem Floss sammelen an opkachen loossen. Oder et freet een léif Awunner vun engem Duerf no Waasser an wann dat och net geet am Noutfall kaafen.

Ech recommandéieren fir als Proviant:

-        Eng kleng Tut mat enger Fertigsuppe

-        Frësch Ravioli, net aus der Béchs

-        Sauerkraut aus dem Glas

-        Wann Brout, dann nëmmen Scheiwen, mee kee Petit Pain!

-        Ëmmer kleng Zerealriegeln dobäi hunn fir Ënnerwee

An soss, muss een selwer dat an engem Hike erliewen. Jiddereen huet natierlech eng aner Meenung zum Proviant. Mee fir Newcomer wier dat am beschten. Manner Gewiicht, méi Spass um Hike

Next
Next

Dag 2, Donneschdeg