Dag 1, Mëttwoch
Sou sollte mir 4 Mëller eis also mat tonneschwéiere Rucksäck duerch d’Äiseskeelt op de Wee maachen. E klengen Trouscht ass eis awer bliwwen, ech hat meng portabel Museksboxen derbäi a sou konnte mer eis ënnerwee net nëmme mat der wonnerschéiner Natur vertraut maache, mee eis och iwwert verschiddenst Muséksrichtungen austauschen, an domat mengen ech wat ech soen, et goung vun epeschen Orchesterstécker iwwert Charts, Jazz, Rock, Piratemusek, A Capella a Mëttelalterrock bis zu villen anere komesche Lidder, bei deenen ech mech heiansdo selwer froe, wéi se op mäin Handy komm sinn. Doduerch, dass mer eis scho laang duerch d’Scoute kenne, konnte mir eis awer och vill iwwert eist gemeinsamt Hobby ënnerhalen.
De Wee hat seng Héichten an Déiften, dat sot mer zumindest de GPS. Trotzdem hu mer eis net dervun ofhänke gelooss, all Hürden op eisem Trajet z’iwwerwannen. Während dem Hiken huet een awer richteg bemierkt wei den Proviant op d ‘Schëlleren dréckt.
No knapp 18 Kilometer owes um Camping zu Miedernach ukomm, hu mer eis mat Holz aus dem ugrenzende Bësch séier e Feier gemaach an eis Grillwurschten gegënnt. Di 6 Petits Pains goufen dobäi als Teller benotzt natierlech. Eisen Kolleg den Yannick hat eng ‘Fertigsuppe von Knorr’ dobäi. An deem Moment hat ech mir am Kapp geduecht: Firwat hat ech dat net selwer kaf. Dat Positiivt dorunner war, dat et guer keng Plaz forthuelt, Gamelle hues du souwisou dobäi an, nodeems mir et probéiert hunn, och richteg gutt schmaacht. Dat ass mol dat éischt wou een beim Iessen soll oppassen: Anstatt di ‘5min-Terine’ einfach eng ‘Fertigsuppe’. Huelt manner Plaz fort woubäi den Genoss dovunner bléift.
Duerno hu mer eis et an der waarmer Holzhütt gemittlech gemaach, e Wierfelspill gespillt an eis bis déif an d’Nuecht ënnerhal.